Wëllkomm

Frankraich – Lëtzebuerg

Den M-Block organiséiert Busser fir op de Match Frankraich-Lëtzebuerg, den 12. Oktober zu Metz.
De Prais as 30 € inklusiv Ticket.
All weider Infos fannt dir an folgendem PDF ...mehr

INFO Tickets: Lëtzebuerg-Bosnien

Un all déi, déi nach keen Ticket hun fir de Match Lëtzebuerg-Bosnien, dëse Freiden, 3. September:

Gidd iech sou séier wéi méiglech äeren Ticket fir den M-Block op Monnerech bei d’FLF sichen, en Freiden gin keng Oweskeesen opgemach! De Match as mat grousser Wahrscheinlechkeet ausverkaft. ...mehr

Démissioun Guy Hellers - Statement

M-Block Statement zur Demissioun vum Guy Hellers.

Den M Block ass entsat ze héieren, dass de Guy Hellers seng Demissioun als Directeur sportif vun der FLF an Trainer vun der Nationalekipp agereecht huet.
Dofir hun mir och entscheed, den Owend net op de Mätch vun der A-Ekipp géint Mönchengladbach kucken ze goen, dëst aus Solidaritéit vis-a-vis vum Guy Hellers.

Déi genau Grënn sin net offiziell, mee wann een de Rumeur’en gleewe kann, wat tëschent der FLF an dem Guy Hellers ofgelaf as, gleewe kann, da kann een nemmen na traureg sin.

Mir sin...mehr

4 Mätcher - 4 Punkten

Laang ass et hier, 13 Joër an 5 Deeg fir genau ze sinn, seit dem läschten Punktgewenn op der Areler Stroos (fir dei dei et intresseiert den 11.10.1995 gouf et och en 0-0 gengt Wäissrussland). Et war kuerz no 10 Auer geschter Owend wou den polneschen Arbitter den 0-0 vun eisen Leiwen gengt d'Moldawen oofgepaff huet. Quasi en klengen Cado d'Adieu fir eis Anzeigetafel dei gescht hieren läschten Mätch matgema huet.

Virum Mätch haet een den 0-0 nach mat 2 Hänn ugeholl, noom Mätch an virun allem opgrond vun der 2ter Halschent kann...mehr

Gommel + 366 / Zürech + 33

1 Joër ass hier sait der Victoire zu Gommel, 1 gudde Mount sait Zürech, 1 gudd Woch sait der Qualifikatioun fir d'Elite-Ronn vun eiser U17.
Sait en Samsdeg sinn mer allerdings rem um haarden Buedem vun der Realiteit.

Nodeems Mettes d'U19, no engem flotten Mätch an 2 Viirspreng (1-0 an 2-1) um Enn den Hollänner awer mat 2-3 ennerleen waaren, andomadden eng läscht Meiglechkeet verspillt hun der U17 et gleich ze maan, gouf en puer Stonnen mei Speit och d'Euphorie bei deenen "Groussen" rem gedämpft wou den Mätch gengt Israel no engem 1-1...mehr

Schwäiz - Lëtzebuerg 1-2

D'Goaler an Kommentar fennt een jo an Videoformat op RTL.lu (Link), hei dann nach de Matschnëtt vum Schweizer Fernseh vun der Berichterstattung vum Daag dono. Enner aanerem och mat der Visite vun hierem Korrespondent zu Lëtzebuerg am CFN, an bei eiser Arrivée um P&R.

...mehr