Israël
Israël get den 11. Oktober 2008 an der Staat op der Areler Stroos empfangen, an den 9. September 2009 spillen d'Leiwen zu Tel-Aviv.
D'Land an D'Geschicht
![[Keine Beschreibung eingegeben]](/files/800px-locationisrael_small.png)
Source: www.wikipedia.org / David Liuzzo
Haaptstaat:
Jerusalem
Fläch: 22.000 km²
Awunner: 7,2 Mio.
Währung:
Israeleschen Schekel
Sprooch(en):
Neihebräesch, Arabesch
Den eischten Staat Israel ass 926 v.Chr. entstaanen, gouf awer 721 v.Chr. vun den Assyrer erobert. Israel gouf dono eng relieis Gemeinschaft ennert persecher Administratioun, iert et zu enger Provenz (Judäa) ennert den Reimer gouf. Daat waar den Ufank vun der Verdreiwung vun den Israeliten an et sollt bis 1948 daueren bis Sie rem een eegenen Staat sollten kreien.
1948, nodeems d'Britten hiert Mandat an Palästina oofgin hun, gouf och den Staat Israel ausgeruff. D'Bestriewungen den Juden rem en eegenen Staat ze gin, sinn no der Judenverfolgung aus dem 2. Weltkrich enstaanen. Allerdings waaren et virun allem dei Arabesch Nooperen dei mat desem Staat net d'Accord waaren. Sou ass et och net verwonnerlech dat den Daag noom Ausruff vun dem Staat Israel den eischten Israelo-Arabeschen Krich ausgebrach ass. No enger eischter Waffenrou am Juni 48 sinn d'Israeli am Norden an d'Offensif gaangen, an no enger zweeter Waffenrou am Juli, hun se am Süden d'Ägypter ugegraff. An beiden Fäll hun d'Israeli d'Iwwerhand behaalen sou dat Enn 48 zu der Ennerschreft vum Waffenstellstand mat Ägytpen, Libanon, Jordanien an Syrien koum.
Den 2ten Konflikt gouf et dann wei d'Israeli praktesch am Interet vun den Briten an den Franzousen d'Ägypter ugegraff hun. Allerdings goufen se vun den Sowjets an den Amerikaner zereckgepaff an un der Grenz tëschend Israel an Ägytpen goufen Truppen vun den Vereenegten Natiounen posteiert fir fir Rou ze suergen. En bessen noom Motto "Keen Joerzengt ouni Krich" koum et 1967 dann zu der nächster Ausernaanersetzeung tëscht den Araber an den Israeli. Well d'Israeli et faerdegbruecht hun innerhalb vun 6 Deeg un allen Fronten d'Iwwerhand ze behaalen geet dessen Krich och als "6-Tage-Krieg" an d'Geschichtsbicher an. Deen läschten "oppenen" Konflikt gouf et dun 1973 wei Ägypten an Syrien Israel ugegraff hun. Israel gouf empfindlech getraff, konnt seng Geigner allerdings dono awer zereckdreiwen. 1979 koum et zum Friedensvertrag tëscht Israel an Ägypten, waat zu engem besseren politeschen Klima tëscht den Staaten (och deenen aaneren Arabeschen) gefouert huet.
Ganz zur Rou ass dei ganz Regioun awer emmer nach net komm. D'Onrouen goufen elo vun der PLO (Palestine Liberation Organisation) gestart. Heibei handelt et sech an der Haaptsaache em terroristesch Akten (Attentater, Fliigerentfeierungen). Trauregen Heichpunkt ass wuel d'Massaker vun München 1972 wou palästinesech Terroristen 11 Israelesch Athleten entfouert haaten, an daat ganzt an engem Massaker bei deem dei 11 Athleten em d'Liewen koumen, beendt gouf.Trotz etlechen Verhandlungen ass bis haut keen gemeinsamen Nenner fonnt gin. Problemer bereeden virun allem d'Roll vun der Staat Jerusalem an den Gaza-Streifen.
Trotzallem huet sech Israel virun allem an dem Bereich vun den neien Technologien en Numm gema sou dat een alt och mol an Uleenung un den Silicon Valley vun San Francisco, vun Israel als Silican Wadi schwätzt. Do danierft ass et och Ubaugebitt vun Zitrusfriichten.
Den Fussball an Israël
![[Keine Beschreibung eingegeben]](index.php?rex_resize=140w__160h__israel_football_association_new.jpg)
Den Ball an Israël/Palästina ass schon em 1912 gerullt, iert am August 1928 den Palästinensechen Fussballbond gegrënnt gouf, deen 1929 an der FIFA opgeholl gouf. No der Staatsgrennung vun Israël ass och den Verband an Israel Football Association emgedeeft gin. 1956 ass Israel dun fierteischt der Asian Football Confederation beigetrueden, fier 1970, no politeschen Querelen rem rausgeheit ze gin. 20 Joër laang huet Israël dun mol provisoresch an der Ocenania Football Confederation an och an der UEFA matgekickt, fier 1994 ganz an d'UEFA integreiert ze gin.
Daat eischt Championnat gouf 1932 ausgedroen. Fier den Moment ass d'Liga an 6 Nivoen opgedeelt, wou d'Ligat ha'Al (Premier League) dei hechst ass. Ennendrenner kommen dann d'Liga Leumit (National League) an d'Liga Artzit (State League). Des 3 Ligen gin op nationalem Nivo gespillt. Do drenner kommen dann no regionaler Andeelung fier d'eischt Liga Alef (A League) mat engem Nord an engem Süd Bezierk, dann d'Liga Bet (B League) mat je 2 Bezierker fier den Norden an den Süden. Ganz ennen um Wupp ass dann d'Liga Gimel (C League) dei fier den Norden 3 Regional Bezierker huet an fier den Süden 4 daer Bezierker. Dei meescht Titelen huet Maccabi Tel Aviv gesammelt (18 am ganzen) an och an der Coupe waren se mat 22 Titelen zimmlech aktif.
International ass et, wei schon erwähnt, bessen mei holpreg gewierscht. Den eischten Mätch vun der PFA war 1934 zu Kaïro gengt Ägypten wou se mat 1-7 verluer hun, an waat bis elo och hier hechsten Nidderlaag ass. Den eischten Mätch vun der IFA waar 1948 zu New York, wou Israël der USA mat 1-3 ennerleen war. Den greissten Erfolleg ass den Titel vum AFC-Meeschter deen Sie 1964 gewonnen hun. Bei enger WM waaren Sie bis elo eng Keier dabei, an zwar 1970 zu Mexiko, wou se allerdings no 2 Gläichspiller an enger Défaite schon no der Virronn rem heemfueren konnten. Bei enger EM waren Sie bis elo nët dabei.
Zimmlech no un sou enger Quali waren se fier dei vergangen EM. Am Grupp E sinn se mat 23 Punkten, punktgleich mat den Englänner an nemmen 1 Punkt hannert den Russen, dei sech qualifizeiert hun, op dei 4t Plaatz komm.
4 ass och d'Unzuel vun Mätcher dei d'Israelis bis elo gengt d'Lëtzebuerger gespillt hun. Leider koum bis elo dobai nach keen Punkt fier eis Leiwen raus. Deen eischten Frendschaftsmätch hun d'Leiwen 1984 0-2 an Israel verluer. An der Qualifikatiounskampagne fier d'WM 1998 waren beid Equipen an dei nämlecht Grupp geloust gin an do hun d'Leiwen 0-1 an Israël an 0-3 heiheem verluer. Dei läscht Ausernaanersetzung dateiert op den 5. September 2002, wou d'Israelis den Goal 5-mol an d'Lëtzebuerger de Goal guer net getraff haaten.