Moldawien

[Keine Beschreibung eingegeben] 

Gengt den aktuellen 50. (Stand July 2008) aus der FIFA-Weltranglëscht spillen d'Lëtzebuerger den 15. Oktober 2008 doheem, an den 5. September an Moldawien.

D'Land an D'Geschicht

[Keine Beschreibung eingegeben]
Source: www.wikipedia.org / David Liuzzo

Haaptstaat: Chişinău
Fläch: 34.000 km²
Awunner: 3,3 Mio.
Währung: Moldaweschen Leu
Sprooch: Rumänesch, Russesch

Moldawien gouf 1940 konstitueiert aus an huet sech aus der autonomer Republik Moldawien (daat zu der Ukraine geheiert huet) an aus Deeler vun Bessarabien (dei d'UdSSR Rumänien wechgeholl haat) zesummengesaat.1944 gouf Moldawien an d'UdSSR integreiert fier 1991 noom Zerfall vun der Sowjetunioun Onoofhängeg ze gin.

Innenpolitesch ass Moldawien awer net zur Rou komm. Virun allem den Konflikt tëscht den Pro-Rumäneschen Unhänger an den Pro-Russechen Unhänger ass nach emmer aktuell. Dei Differenzen weissen sech an der Haaptsaach am Versuch vun dem Deel östlech vun der Dnjestr, och nach Transnistrien genannt, sech vun Moldawien oofzesplecken. International unerkannt ass Transnistrien allerdings net.

Den Fussball an Moldawien

[Keine Beschreibung eingegeben] 

Den Moldaweschen Fussball Verband gouf den 14. Abrell 1990 gegrënnt, ass seit 1993 Member vun der UEFA an seit 1994 Member vun der FIFA. Seit 1992 huet Moldawien och en eegenen Ligabetrieb an deem 79 Equipen ugemellt sinn. Dei hechst Spillklass ass d'Divizia Nationala mat 11 Verainer. 2t Klass ass Divizia A an dei 3 ass die 2-gleiseg Divizia B mat den Bezierker Nord an Süd. Bis 2000 huet Haaptstaat-Verain Zimbru Chişinău d'Liga domineiert an huet 8 mol den Titel geholl (ausser 1997), seit 2001 konnt sech allkeiers den Şerif Tiraspol duerchsetzen.

Deen eischten Mätch vun der Nationalequipe hun se 1991 gengt Georgien gespillt, do allerdings 2-4 verluer. Dei eischt Victoire kounten se gengt den Pakistan 1992 afueren, wou se 5-0 gewonnen hun. 

Dei eischt Qualifikatioun wou Moldawien matgespillt huet wor fier d'EM 1996. Dank 3 Victoiren, 2 mol gengt Georgien an 1 gengt Wales, hun d'Moldawen des Quali op der 4ter Plaatz mat 9 Punkten oofgeschloss. Dei nächst Quali fier d'WM 1998 goung leider ouni Punkt fier d'Moldawen op en Enn. Daat sollt bis elo allerdings dei läscht Quali bleiwen wou d'Moldawen ouni Punkten bloufen.
2000 goufen se dei 5. (vu 5) mat 4 Punkten, 2002 dei 5. (vu 6) mat 6 Punkten, 2004 dei 4. (vu 5) nees mat 6 Punkten, 2006 dei 6. (vu 6) mat 5 Punkten an 2008 dei 5. (vu 7) mat 12 Punkten.

Dei eenzeg Renconter mat Lëtzebuerg gouf et den 20. November 2003, wou d'Moldawen mat 2-1 gewonnen hun.