Griicheland
D'Griichen sinn den eischten an den läschten Geigner an deser WM-Qualifikatioun vun der Lëtzebuerger Nationalequipe. D'Griichen sinn den 6. September 2008 am Stade Josy Barthel op Besuch, an eis Leiwen fleien den 14. Oktober 2009 roof an Griicheland.
D'Land an D'Geschicht

Source: www.wikipedia.org / David Liuzzo
Haaptstaat: Athen
Fläch: 132.000
km²
Awunner: 11,2
Mio.
Währung: Euro
Sprooch: Griechesch
Griicheland leit am Südosten vun Europa, erstreckt sech zum Süden hin an d'Mettelmier an grenzt am Norden un Albanien, Mazedonien, Bulgarien an un d'Tiirkei. Nierwt dem Festland geheiren nach onzielech Inselen zum Territoire vun Griicheland, wouvun Kreta dei greisst ass. Den hechsten Punkt ass den Olymp mat 2917m. Opgrond vun der Bierglandschaft, virun allem am Nordwesten, entsprecht och d'Klima deenen gegebenheeten, mat relativ doucen Wanteren an och mei doucen Summeren. Am Nordwesten varieiert d'Klima dann mat mei kaalen Wanteren an relativ waarmen Summer. Am Süden herrscht dann d'Mettelmierklima fier, mat zimmlech mëllen Wanteren an laang waarm Summeren, waat deen een oder aaneren bestemmt och schon dohin an d'Vokanz gedriwwen huet.
D'Geschicht vun Griicheland ass laang, eischt Uerspreng vun den esichten Hellenen gin zereck op daat 2t Joërdausend v. Chr., an ass gespickt mat Konflikter, souwuel interner zBsp. Sparta gengt Athen, wei och externer zBsp gengt d'Perser, speider gengt d'Seldschuken oder och nach gengt d'Ottomanen.
Dat d'Griichen och en Vollek vun Seifuerer waren, weisst enner aanerem den eischten Grieschechen Literat Homer an sengen 2 groussen Wierker Ilias an Odyssee. Ennert dem Afloss vun Kleng Asien sinn huet Griicheland och nach weider grouss Käpp rausbruet. Thales vu Milet, Pythatgoras an Euklid hun virun allem der Mathématik den Stempel opgedreckt an brengen och nach haut deen een oder aaneren Schüler an d'Schweesen. Awer och op aaneren Gebidder waaren d'Griichen aktif. Physik, Philosophie an Medezin sinn aaner Beraicher wou haut nach um Fundament vun deem engen oder aanerem Griech opbauen. Hippokrates, Platon, Aristoteles oder och nach Archimedes dierften nach jidderengem en Begrëff sinn. Eischten groussen Glanz huet Griicheland ennert engem gewessen Alexander III., ennerriicht vum Aristoteles, erreecht, an sollt speider als Alexander den Groussen an d'Geschicht agoen. D'Reich vum Alexander huet sech am Süden bis an Ägypten erstreckt an am Osten hun seng Grenzen bis an den heidegen Pakistan ragereecht.
Allerdings huet des Reich just 150 Joër iwwerdauert iert en aanert Groussreich em den Rang oofgelaaf huet. 150 v. Chr. haaten d'Reimer d'Iwwerhand iwwerhol an Griicheland gouf zu enger Provënz am groussen Reimeschen Reich. Dës Situatioun sollt nach baal 500 Joër iwwerdaueren.
395 n. Chr., noom doud vum Kaiser Theodosius I., dem läschten Kaiser iwwert daat grousst Reich, gouf d'Reich gedeelt an dem Theodosius seng Bouwen goufen Kaiser vum westreimeschen Reich, bzw vum ostreimeschen Reich zu deem dann lo och Griicheland geheiert huet. Desen Datum markeiert och d'Enn vum antiken Griicheland, an den Ufank vum Mettelalter.
D'byzantinescht Reich muss sech an den eischten Joerhonnerten virun allem gengt d'Goten am Norden an gengt d'Islamisten am Osten wieren, dei d'Reich emmer rem ugreiffen, an Byzanz emmer mei verdrängen. Zum engem Stellstand kënnt et dann geingt 850 an Byzanz brengt et seguer faerdeg sech iwwert dei 2 nächst Joërhonnerten rem opzebauen an ze vergreisseren. Em 1100 sinn et dann d'Seldschuken dei Byzanz urgreiffen, an den Kaiser Alexios I. freet den Westen em Hellef, an provozeiert domadden ongewollt den eischten Kreizzuch. D'Ironie vun deem ganzen ass amfong dat deen 4ten Kreizzuch Konstantinopel erobert, an domadden och d'Enn vum byzantineschen Reich alaut. Och wann Konstatinopel vun den Byzantiner namol konnt erobert gin, ass d'Reich, inklusif den Griichen, 1453 vun den Ottomanen iwwerhol gin. Dësen Datum gëllt nierft deem vun 1492 als Enn vun dem Mettelalter an als Ufank vun der Neizeit.
Ennert dem Afloss vun der Franzeischer Revolution huet sech an Europa eng Nationalbewegung gebildt, dei sech och bis an Griicheland verbreed huet. 1821 koum et dun zu der Grieschecher Revolutioun an 1830 koum et, mat Hellef vun den Briten, den Franzousen an den Russen, zu der Onoofhängegkeetserklärung vun den Griichen. Richteg Zeit fier sech ze sammelen haaten d'Griichen allerdings nët, obwuel se eng neutral Positioun ageholl haaten am eischten Weltkrich, goufen se vun den Allieierten opgefuerdert gengt d'Bulgaren an gengt d'Ottomanen ze hellefen.
Am 2ten Weltkrich haaten d'Griichen keng Geleegenheet iergendwei sech draus rauszehaalen, well d'Italiener hinnen den Krich erklärt hun. Trotz dem Oofwieren vun der Italienscher Offensif, wor gengt den Amarsch vun der Wehrmacht naischt ze maachen. Noom Krich koum Griicheland allerdings net zuer Rou, well et zu engem Biergerkrich tëschend den Kommunisteschen Unhänger an den Republikaneschen Unhänger komm ass. D'Kommunisten konnten no 3 Joër, dank dem Reckzuch vun der Ennerstetzung vun Jugoslawien, niddergeschloen gin.
Och wann den Biergerkrich riwwer war, sou haat en an der politescher Landschaft deif Lächer hannerlos. Sou koum et lo op der politescher Bühn zu kämpf tëschent dem Rietsen an dem Lenksen Block. Virun den Neiwahlen vun 1967 koum et dun zu allem Iwwerfloss och nach zum "Putsch vun den Obristen", en Putsch vun den Offizier vun der Armei. 1973 koum et zu Studentenrevolten zu Athen, an nodeems d'Griichen op Zypern vun den Tiirken geschloen goufen ass de Regime zesummengebrach.
1974, no engem Referundum an deem d'Republik als Staatsform konfirmeiert gouf an et zu Wahlen koum ass sou hallefwegs Rou an Griicheland agekeiert. 1981 gouf Griicheland an der EWG opgeholl an seit 2002 bezillt een donidden och mam Euro.
Ganz Konfliktfrei ass Griicheland allerdings nach emmer net. Den Konflikt mat den Tiirken wengt Zypern ass nach emmer aktuell an Griicheland beschellegt Mazedonien en Fändel an en Numm ze benotzen deen der hellenescher Kultur ugeheiert an stellt sech dofier nach emmer Queesch bei der Unerkennung vum Staat Mazedonien.
Den Fussball an Griicheland
Sport an Griicheland kann een wahrscheinlech net vuneneen trennen. Dei eischt Olympesch Spiller goufen et schon 776 v. Chr. an daat iwwert en Zaitraum vun baal 1 Joerdausend. 1894 gouf d'Idee vun den Olympesche Spiller rem opgegraff an seit 1896 gin et rem, am Rythmus vun 4 Joër, Olympesch Spiller.
D'Geschicht vum Fussball an Griicheland ass allerdings nach net sou lang. D' "Hellenic Football Federation" gouf 1926 gegrënnt an ass seit 1927 Member vun der FIFA an seit 1954 Member vun der UEFA.
Fussball get an Griicheland schon seit 1906 gespillt, dei Zeit nach ennert der Gestioun vun der Gymnastik an Athletic Associatioun. Datescht huet sech nach kuerz Zeit d' "Union of Football Associations of Greece" em den ooflaaf gekemmert, bis d'HFF d'Leedung dann 1927 iwwerhol huet. Deen eischten Champion waar 1928, wei och firteischt en offizielt Championnat gespillt gouf, Aris Thessaloniki.
Am griecheschen Ligabetrieb gin et 3 Nivoen op deenen professionellen Fussball gespillt get, d'Alpha Ethniki, oder och nach Super League wei se seit 2006 heescht ass dei hechste griechesch Liga. Hei spillen am ganzen 16 Equipen. 2t Liga ass d'Beta Ethniki mat 18 Clib. Läschten Nivo vum Profi-Beraich ass di 2-gleiseg Gamma Ethniki dei an Norden an Süden agedeelt ass an 17 bzw 18 Verainer eng Heemecht bidd. Den Lien tëscht dem Profi an dem Amateur Beraich mecht d'semi-professionnel Delta Ethniki dei an 10 Gruppen agedeelt ass (5 fier den Norden, 5 fier den Süden) wou d'Unzuel vun den Equipen dei an deenen Gruppen spillen tëscht 14 an 18 Clib varieiert.
Den Amateur-Beraich besteet aus 49 lokalen Ligen, dei och vun enger eegener Associatioun verwalt gin.
Erfollegraichsten Verain ass Olymiakos Piräus mat 35 Championstitel gefollegt vun Panathinaikos Athen mat 19 Titelen. Och an der Coupe domineiert Olympiakos mat 22 Coupen virun Panathinaikos mat 16 Coupen.
2 Joër no der Grennung vum Fussballverband koum et 1929 zum eischten Lännermätch vun der griechescher Nationalequipe gengt Italien, deen zu Athen mat 1-4 verluer goung. Dei eischt Victoire konnt an hierem 2ten Lännermächt gengt Jugoslawien (2-1), 1930 verbucht gin. Grouss Erfolleger blouwen allerdings laang Zeit aus an reischt 1980 konnten sech d'Griichen fier dei eischten keier fier eng Endronn vun engem groussen Turneier qualifizeieren.Dëst am Kader vun der EM an Italien. Et sollt dono rem 14 Joër daueren bis enger Equipe aus Griichenland daat sollt gelengen. 1994 war Griicheland fierteischt bei enger WM mat vun der Partie, wou se allerdings och net iwwert d'Virronn rauskoumen.
Den groussen Coup sollt hinnen dun 2004 gelengen. Ennert der Leedung vum Otto Rehagel woren d'Griichen an hierem Qualifikatiounsgrupp dei eischt, virun den Spuenier gin an haaten sech domadden fier d'Endronn vun der EM an Portugal qualifizeiert. An der Grupp A zesummen mat dem Gastgeber Portugal, Spuenien an Russland, wor Griicheland allerdings alles aanescht wei en Kanidat op d'Weiderkommen. En weideren Coup sollt hinnen dann awer schon direkt am eischten Mätch gengt d'Portugiesen gelengen, dei se, duerch Goaler vun Karagounis an Basinas, mat 2-1 konnten klappen. Am zweeten Mätch gengt Spuenien stung et no 90 Minuten 1-1, an d'Weiderkommen waar sou gudd wei gesechert. Trotz enger Nidderlaag gengt d'Russen ma läschten Virronnenmätch ass et duergaangen fier den Wee an d'Veirelsfinal, well zeitgleich och d'Portugiesen gengt d'Spuenier gewonnen hun.
An der Veirelsfinal huet dun den Titelverdeedeger Frankreich gewaard, an och hei ass jiddereen davun ausgaangen dat d'Griichen net waerten gewannen. Et sollt allerdings ganz aanescht kommen. Hannen hun d'Griichen den Franzousen keng Reim geloss, an fier huet den Charisteas den Goal fier d'Griichen geschoss, sou dass d'Griichen den Wee bis an d'Halleffinal fonnt haaten. Do huet elo d'Equipe vun den Tschechen gewaard, dei an der Veierelsfinal nach d'Dänen mat 3-0 wechgebotzt haaten.
Allerdings hun och d'Tschechen den Wee an den Goal vun den Griichen nët fonnt. Dei hun alt nees Gedold bewissen, an just iert dei eischt Halschent vun der Verlängerung sollt riwwer goen huet den Dellas fier d'Griichen markeiert. Weider 15 Minuten gungen den Tschechen net duer fier ze markeieren sou dat d'EM 2004 mam nämlechten Mätch opgehaalen huet wei se ugefaangen huet: Portugal - Griicheland. Um Enn waar et zwar en aanert Resultat, ma den Gewënner waar deen nämlechten wei an der eischter Partie. D'Griichen waaren als krassen Aussenseiter gehandelt gin, an hun um Enn awer d'Coupe geholl.
D'Freet sollt allerdings net vun laanger Dauer sinn, well d'Quali fier d'WM 2006 an Daitschland gouf kloer Verfehlt (4. an hierem Grupp). Dofier sollt d'Quali fier d'EM 2008 an der Schwäiz an an Eistereich dofier rem emsou besser laafen. Mat just engem Remis an enger Nidderlaag hun d'Griichen daat bäscht Resultat aus der Quali gehaat an sech och souverän an hierem Grupp duerchgesaat.
Allerdings woren se net amstand den Coup vun 2004 ze widderhuelen, an sinn no 3 Nidderlaagen no der Virronn mat 0 Punkten heemgefuer.
Bis elo hun d'Griichen 6 mol gengt d'Lëtzebuerger gespillt, 6 mol goungen d'Griichen als Gewënner vum Terrain. Fier d'läscht hun d'Leiwen an der Quali fier d'WM 94 gengt d'Griichen gespillt, zu Athen haaten d'Griichen 2-0 gewonnen, op der Areler Stroos hun d'Lëtzebuerger et färdeg bruecht en Goal gengt d'Griichen ze markeieren, allerdings hun d'Griichen der 3 geschoss sou dat et um Enn 1-3 aus Lëtzebuerger Siicht stung.
Zu den bekanntesten Spiller aus der Griechescher Nationalequipe geheiern secherlech hier Legionnären aus der daitscher Bundesliga, Ioannis Amanatidis, Angelos Charisteas, Theofanis Gekas oder och nach den Sotirios Kyrgiakos. Aanner bekannt Spiller, dei an hierer Liga doheem sinn, sinn enner aanerem den Traianos Dellas oder den Georgios Karagounis. Den Star vun der Equipe ass awer sonnerzweifel hieren Trainer, den Otto Rehagel, deen sech mat dem Gewenn vun der EM 2004 an Griicheland onstierflech gemaach huet.