Schwäiz
Den eischten Mätch wou et Auswärts geet ass gengt d'Schwäiz. Den 10. September 2008 spillen d'Leiwen zu Zürech gengt d'Nati an d'Eidgenossen kommen den 10. Oktober 2009 op Besuch an den Stade Josy Barthel.
D'Land an D'Geschicht
![[Keine Beschreibung eingegeben]](/files/europe_location_che_kleng.png)
Source: www.wikipedia.org / David Liuzzo
Haaptstaat : Bern
Fläch : 42.000 km²
Awunner : 7,5 Mio.
Währung : Schwäizer Frang
Sprooch(en) : Daitsch, Franzeisch, Italienesch, Rätoromanesch
D'Schwäiz get, geografesch gesinn, geprägt vun den Alpen, eleng 60% vum Schwäizer Territoire geheiern zu den Alpen. Sou verwonnert et dann och net dat an den Schwäizer en puer vun den hechsten Sommets vun Europa unzetrëffen sinn: Grand Combin, Jungfrau, Matterhorn, Piz Bernina oder och nach d'Dufourspëtzt, den hechsten Punkt an der Schwäiz mat 4634m iwwert dem Mier, fier just dei puer ze nennen. Enneraanerem den Rhône an den Rhein hun hieren Uersprong eben an deenen Alpen.
Nierft den Alpen zeechend d'Schwäiz och nach seng Unzuel vun Seien aus. Bodensee zu Daitschland an Eistereich, Lago Majore zu Italien an den Lac Léman oder Genfersee zur Sait vun Frankreich sinn wuel di bekannst awer och Vierwaldstädtersee oder Zürichsee dierfent jidderengem een Bëgreff sinn. Sou fällt et dann wuel och manner op dat d'Schwäizer amfong keen direkten Zougang zum Mier hun.
Helveten goufen et schon zu der Zeit vun den Reimer, d'Schwäizer Eidgenossenschaft oder Confoederatio Helvetica (vun daer och d'Autokennzeechen CH an den Internetlännercode hierkennt) ass awer reischt 1291, op Initiative vun den 3 Urkantonen - Uri, Schwyz an Unterwalden, gegrënnt gin. Et ass d'Signatur vun desem Bundesbrief, mat daer sech d'Legende vum Wilhelm Tell verbënd. Nodeems et 1315 rem zu enger Ausenaanersetzung tëschent den Habsburger an den Eidgenossen koum hun sech Luzern, Zürech, Glarus, Zug an Bern den 3 Urkantonen ugeschloss. Et huet allerdings bis 1389 gedauert, bis d'Habsburger, nodeems se nach en puer Nidderlaagen gengt d'Eidgenossen agestach haaten, deen hier Onoofhängetkeet unerkannt hun. Den Expansionismus vun den Schwäizer gung iwwert dei folgend Joëren weider an bis 1513 hun sech nach 5 weider Stied der Eidgenossenschaft ugeschloss (Freiburg, Solothurn, Schaffhausen, Basel an Appenzell).
Während dem 30-jähregen Krich huet sech d'Schwäiz neutral verhaalen andeems Sie Truppen un dei verschidden Länner gescheckt hun, ouni sech mat engem ze verbünden, an sech gengt jiddereen verteidegt hun deen se wollt ugreiffen, an 1648 beim Westfälischen Frieden goufen Sie als souveränen Staat unerkannt.
Et ass an daer Zait vun Fridden wou sech d'Schwäiz economesch an intellectuel weider entweckelt huet. Zu Genf hun sech d'Auermecher ugesiedelt an zu Zürech d'Seidespënner. Et ass och d'Zeit vun wou Leit wei Euler an Bernoulli och hieren Deel zu der Mathématik beigedroen hun. E bëssen mei Agitatioun gouf et dun rem em d'Zeit vun der franzeischer Revolutioun. Firteischt gouf Bern vun den Franzousen besaat, kuerz drop gouf d'Schwäiz vun den Armeien vun Russland an Eistereich besaat. 1803 huet den Napoléon den Föderalismus an der Schwäiz rem étableiert. Zousätzlech gouf d'Eidgenossenschaft och rem mei grouss mat dem Rattachement vun 6 neien Kantonen (Sankt Gallen, Grisons, Aargau, Thurgau, Tessin an den Vaud). Dei Rou huet allerdings net laang gedauert, 1813 gouf d'Schwäiz vun den Allieierten nees besaat. Am Uschloss zu den Traités vun Pareis (1814) an Wien (1815) gouf d'Schwäizer Souverainteit konfirmeiert, an seng Neutraliteit gouf garanteiert. Anengems koumen nach 3 weider Kantonen dabei (Genf, Neuchâtel an den Valais).
1848 gouf dun aus der Conföderatioun vun Staaten een föderativen Staat. Dei eenzel Kantonen hun hier souveräniteit behaalen, ausser an deen Domainen (Douane, Aussenpolitik, Militär, Post an Mënzrecht) dei dem Staat fierbehaalen waaren. D'Schwäiz, mat sengen 26 Kantoner (Basel, Unterwalden an Appenzell stinn jeweils fier 2 mei kleng Kantoner) get et an daer Form reischt seit 1979 no der Kreatioun an dem Referendum vum Kanton Jura.
An den drei groussen Kricher (1870, 1914, 1940) gouf d'Schwäizer Neutraliteit respekteiert, an d'Schwäiz gouf den Sëtz vun verschiddenen Internationalen Organisatiounen (Roud Kräiz, WHO, WTO, CERN, FIFA, UEFA). Als eent vun den läschten Länner ass d'Schwäiz 2002 der UNO beigetrueden. Och kulturell huet sech d'Schwäiz en Numm gema, zBsp mat Leit wei den Max Frisch oder den Friederich Dürrenmatt an der Literatur oder den Le Corbusier an der Architektur.
Och wann d'Schwäiz am Härz vum Europäeschen Kontinent leit, sou ass se dach net Member vun der EU. Dëst zum Deel och opgrond vun der direkter Form vun Demokratie dei an der Schwäiz ausgeübt get. En Beweis dofier ass den Accord zu der Europäescher Freihandelszone, deen d'Schwäiz mat ausgeschafft an Ennerschriwwen huet, allerdings opgrond vun engem Volksentscheed bis elo net ratifizeiert huet.
Den Fussball an der Schwäiz
![[Keine Beschreibung eingegeben]](/files/500px-sfv_logo.svg_1.png)
1860 hun englesch Studenten vun Lausanne den "Lausanne Football and Cricket Club" gegrënnt, deen domadden als eischten Fussball Verain um Europäeschen Festland gezielt get. 1879 koum dun den nach eelsten bestehenden Schwäizer Fussball Club vum FC St. Gallen dabei, 1886 gouf den Grasshopper-Club Zürich gegrënnt.
1895 hun 11 Clib den Schwäizer Fussball Verband an d'Liewen geruff, deen 1904 mat drun bedeelegt waar fier d'FIFA an d'Liewen ze ruffen. Den Schwäizer Ligabetrieb ass an 8 Klassen gegliedert. D'Axpo Super League (virun 2003 nach Nationalliga A mat 12 Equipen elo nach just 10) ass dei hechst Spillklass, dono kennt d'Challenge League mat 16 Equipen. Des beid Klassen gin amfong och als Profi-Ligen konsidereiert. 3. Klass oder 1. Liga (interregional) ass en Semi-Pro Liga dei Schwäizweit gespillt get. Dodrenner get et dann nach 2. Liga interregional mat den bäschten Schwäizer Amateursequipen. Do drenner kommen dann nach 4 Klassen exklusiv mat Amateursequipen dei dann och vun den Regionalverbänn gereiert gin. Rekordchampion ass den GC Zürech mat 27 Championstitel, dono kennt den Servette vun Genf mat 17 Titel, den FC Basel mat 12 Titel an dann nach den FC Zürech an d'Yound Boys vun Bern mat 11 Titel. An dem Schwäizer Cup huet och den GC domineiert mat 18 Victoiren an dem FC Sion als 2ten mat 10 Victoiren.
International hun d'Schwäizer hier Débuts 1905 am Parc des Princes gema wou se allerdings 0-1 verluer hun. Dei eischt Victoire hun d'Schwäizer den 5. Abrell 1908 gengt Däitschland mat 5-3 agefuer. D'Schwäiz war bis elo 2 mol Gastgeber vun engem fussballereschen Groussevenement, dei eischten Keier 1954 fier d'WM an dei 2ten Keier zesummen mat Eistereich fier d'EM 2008. Selwer Deelgeholl hun d'Schwäizer 8 mol un enger Ennronn vun enger WM (1934, 1938, 1950, 1954, 1962, 1966, 1994 an 2006) an 3 mol bei enger EM (1996, 2004 an 2008). Sie sinn do allerdings just 3 mol bis an Veirelsfinal komm (34, 38 an 54), an 2 mol bis an d'Achtelsfinal (94 an 2006) an sinn soss emmer no der Vierronn ausgescheed. Deen greissten Sucees deen bis elo allerdings eng Schwäizer Nationalequipe erreecht huet ass den inoffizielen Titel vun Europameeschter vun 1924 wou sie bei den Olympischen Spiller vun Pareis bis an d'Final koumen an do just d'Sëlwermedaile no enger 0-3 Nidderlaag gengt Uruguay kritt hun.
Dei läscht Qualifikatiounskampagne dei vun den Schwäizer bewältegt gouf waar dei fier d'WM 2006 an Däitschland. An der Grupp 4 hun d'Schwäizer sech no 4 Victoiren, je 2 gengt d'Färöer Inselen an 2 gengt Zypern an 6 Glaichspiller gengt Frankreich, Israël an Irland mat 18 Punkten op dei 2t Plaatz gesaat an sinn an der Relegatioun op d'Tiirkei gefall. Den 12. November 2004 hun d'Schwäizer 2-0 gengt d'Tiirkei zu Bern gewonnen iert et 4 Deeg mei speit, den 16. November 2004 koum et dun zum entscheedenden Retourmätch zu Istanbul. Opschon d'Tiirken do 4-2 gewonnen hun, hun d'Schwäitzer opgrond vun den Auswärtsgoaler d'Differenz gema an konnten op d'WM fueren. D'Tiirken hun sech do allerdings als net sou ganz gudd Verleierer gewissen an sou koum et dazou dat den Tirkeschen Verband eng Geldstroof vun 100.000 € huet missten bezuelen an d'Tiirkei huet missten 3 Mätcher 500km ausserhalb der Tiirkei an ennert Ausschloss vum Public spillen.
2008 bei hierer EM hun se beim Eröffnungsmätch firteischt hieren Kapitän Alexander Frei, an dono 0-1 gengt Tschechen verluer. Am 2ten Mätch konnten d'Schwäizer nach mat 1-0 duerch den Yakin an Feierung goen iert d'Tiirken den Mätch nach zu hieren Gonschten gedreit hun. Domadden waar d'Entscheedung gefall dat d'Schwäizer leider keng Ronn gingen weiderkommen. Fier awer wengstens een Erfollegserliewniss ze feieren gouf sech dun nach eng Keier beim läschten Mätch gengt d'Portugiesen dragehaangen an sinn an der 71. Minut duerch en Goal vum Yakin mat 1-0 an Feierung gaangen, iert den Yakin an der 83. Minut op den 2-0 Endstand konnt erheigen. Dëst war Zugleich dei eischt Schwäizer Victoire bei enger EM. Mat deser EM gung och den Trainer Köbi Kuhn deen oofgeleist gin ass vum Ottmar Hitzfeld.
Zu den bekanntesten Spiller geheieren wuel den Goalie Pascal Zuberbühler, deen allerdings och sein Rëcktrëtt ugekennegt huet, oder och nach den Hakan Yakin, den Goalgarant vun den Schwäizer bei der EM. Relativ vill Legionären zielen sech an der Nati. Vun 23 Spiller, hun der 16 en Kontrakt am Ausland. Dei Meescht spillen an Däitschland, dovun sinn wuel dei bekanntst den Alexander Frei vum BVB, den Benaglio vun Wolfsburg oder nach den Barnetta vun Leverkusen.
Op d'Eidgenossen sinn d'Roud Leiwen bis elo 9 mol getraff. 8 mol hun d'Schwäitzer opmannst 1 Goal mei geschoss wei d'Leiwen, 1996 stung et an engem Frëndschaftsmätch no 90 Minuten 1-1. Dei läscht Renconter vun beiden Equipen waar 2001 fier d'Qualifikatioun vun der WM 2002 wou d'Schwäiz zu Zürich 5-0 gewonnen huet an sie sech am Josy Barthel mat 3-0 konnten duerchsetzen.