Lettland

[Keine Beschreibung eingegeben] 

Gengt d'Letten kennt et, ähnlech wei an der läschter Qualifikatioun gengt Albanien, zu engem Block wou den Geigner innerhalb vun 4 Deeg 2 mol deen nämlechten ass. Dei eischt Renconter ass den 28. März 2009 an der Staat, den 1. Abrëll 2009 affronteieren sech dann beid Equipen zu Riga.

D'Land an D'Geschicht

[Keine Beschreibung eingegeben]
Source: www.wikipedia.org / David Liuzzo

Haaptstaat: Riga
Fläch: 65.000 km²
Awunner: 2,3 Mio.
Währung: Letteschen Lats
Sprooch: Lettesch

1920, nodeems Lettland am eischten Weltkrich vun den Daitschen besaat gouf, am Laaf vum Weltkrich vun den Russen zereckerobert gouf, an noom Krich rem zereck un dei Daitsch gaangen ass, gouf d'Onoofhängegkeet ausgeruff. Dei sollt allerdings just kuerz haalen iert 1940 d'Roud Armei d'Land rem besaat huet. Ähnlech wei am eischten Weltkrich hun och am Zweeten Weltkrich d'Besatzungsmächt sech monter oofgewiesselt. Besetzung vun den Sowjets, Besetzung vun den Nazien fier 1944 rem an d'Sowjetunioun integreiert ze gin. 

En 2ten Onoofhängegkeetsversuch gouf dun an der Schwächephase vun der Sowjetunioun 1990 gestart, dei allerdings ufanks 91 vun den Sowjets niddergeschlo goufen, fier dann am August 1991 schlussendlech emgesaat ze gin. Kuerz drop gët Lettland an der UNO opgeholl. 2002 ass Lettland der NATO beigetrueden an seit dem 1. Mee 2004 ass Lettland dann och Member vun der EU.

Lettland ass vum geografeschen Standpunkt hier gesinn en zimmlech flaacht Land (hechsten Punkt op 311m), an ass vun Bëschlandschaften geprägt. Den Reichtum vum Land sinn an der Haaptsaach seng Häfen vun Riga, Ventsplis an Liepaja, dei den Transit tëscht Russland an Europa assureieren.

Den Fussball an Lettland

[Keine Beschreibung eingegeben] 

Den Letteschen Fussball Verband gouf 1921 gegrennt, gouf 1922 Member vun der FIFA an huet bis 1940 d'Geschecker vum Fussball an Lettland geleed. 1991 no der Onoofhängegkeet huet den LFF seng Aarbecht rem opgeholl an gouf 1992 Member vun der UEFA. Op 3 Levelen get an Lettland um Verainsnivo Fussball gespillt. Den hechsten Nivo ass LMT Virsliga an zielt 10 Equipen. Zanter desem Joër ass an der Virsliga den Prinzip vun den Play-Offs agefouert gin. An enger eischer Phase get am normalen Modus mat Hin- a Reckmätch gespillt an an enger zweeter Phase spillen dann dei 6 eischt em den Titel, an dei 4 läscht gengt den Oofstieg. Hier 2 Division ass dann d'1. Liga, mat 15 Equipen, gefollegt vum läschten Nivo, der 2. Liga dei sech an 5 Regional Zonen opdeelt. Den Rekordmeeschter ass den FC Skonto mat 13 Championstitel an hun 7 mol d'Coupe geholl. Vereenzelt Rendez-Vous stungen och schon mat Lëtzebuerger Verainer um Programm: an der Champions League Qualifikatioun 2001 stungen se Diddeleng geingtiwwer an hun do den eischte Mätch 6-1 gewonnen, sou dat den 0-1 am Reckmätch nemmen nach Makulatur waar. Och d'Jeunesse vun Esch haat 2 mol d'Eier, dei eischten Keier 1999 och an der Champions League Qualifikatioun wou d'Escher 0-2 an 0-8 kloer ennerleen waaren, an dei 2ten Keier, an der eischter Ronn vun der UEFA Coupe Qualifikatioun 2006, wou dei Escher deskeier mat 0-2 an 0-3 ennerleen woren.

De greissten Erfolleg vun der Lettescher Nationalequipe waar sonnerzweifel d'Qualifikatioun fier d'EM 2004 am Portugal. An der Qualifikatioun fier d'EM waren Sie dei 2t gin hannert den Schweden an sinn an der Relegatioun op d'Tiirkei getraff wou se zu Riga mat 1-0 gewonnen hun, an zu Istanbul 2-2 gleichgespillt hun an soumat hun dierften an den Portugal fueren, wou se zesummen mat Daitschland, Holland an der Tschechecher Republik an eng Grupp koummen. Hier eischt EM huet allerdings net gudd ugefaangen an sie sinn mat enger 1-2 Nidderlaag gengt d'Tschechen an den Tournoi gestart. Eng kleng Sensatioun ass hinnen dun beim 0-0 gengt Daitschland am 2ten Mätch gelongen. Die läscht theoretesch Chance dei sech dun am läschten Mätch nach gengt Holland gehaat haeten hun se dun allerdings net genotzt an hun 0-3 verluer, an hun d'Grupp och als läschten Oofgeschloss. Bis elo konnten se d'Konschsteck, eng weider Keier un enger Ennronn vun engem groussen Tournoi deelhuelen, nach net widderhuelen.

An der Quali 2008 waren Sie zesummen mam neien Europameeschter an enger Grupp. Um Enn vun der Qualifkatioun konnten Sie 12 Punkten aus 4 Victoiren (2* gengt Island an je eng gengt den Liechtenstein an gengt Nord-Irland).

D'Letten an d'Lëtzebuerger sinn bis elo 4 mol openeen getraff, an 3 mol ass Lettland als Gewënner vum Terrain gaangen. Daat eenzegt Glaichspill bis elo, ass beim läschten Openaanertreffen vun beiden Equipen rauskomm, wou et zu Hesper, den 6. September 2006, no 90 Minuten 0-0 stung. Deenen meeschten waert wuel awer nach emmer den 3-4  vum 8. September 2004 an Erennerung sinn, wou et no engem 1-2 an der Paus, an der 62ter Minut 3-2 fier d'Lëtzebuerger stung, an 5 Minuten mei speid leider schon rem 3-4 fier d'Letten, waat dann och d'Endresultat war.