En Steck Geschicht
D’Ufäng
1995 huet sech e Grapp Leit dozou décideiert den M-Block Fan-Club Luxembourg a.s.b.l. ze grënnen, mat der Motivatioun d’Lëtzebuerger Nationalequipe ze ennerstëtzen. Den Numm gouf oofgeleet vum Block an deem d’Supporter stungen, den M-Block, d’Tribühn hannert dem Goal op der West-Sait vum Stade Josy Barthel. Dest wor eng Neierung an daer Hinsicht, well bis dato d’Supporter sech op der Geigengerade vis-à-vis vun der Haapttribühn niddergeloss haaten.
An der Euphorie vun der Quali 1996 huet den M-Block bis zu 500 Memberen gezielt.Parallel dozou ass de Grupp „Ultras 95 Luxembourg“ entstaanen. Des Grupp gouf an der Haaptsaach vun italiensch-stämmegen Lëtzebuerger gegrënnt an huet an Hauch vun italienescher Ultras-Mentaliteit an den Block bruecht. Allerdings huet sech dese Grupp no kuerzer Zeit rem opgeleist.
1996 haat de Grupp sech souweit organiseiert dat fier de Mätch gengt Bulgarien eng eischt Choreographie presenteiert gouf. Och den Huel Se!, den Fanzine vum M-Block ass bei desem Mätch firteischt erauskomm.
Auswärts gouf den M-Block eng eischten Keier 1998 gengt Daitschland zu Mannheim aktif. Reesen an England, Schweden, op d’Färöer Inselen, an den Liechtenstein oder och nach an Holland, fier just dei ze nennen, sollten doropshin folgen.
No der Joerdausendwenn
Dat et net emmer Sonnenschein gouf ass kloer. Divers Meenungsverschiddenheeten mat der FLF an den Secherheetsleit hun den M-Block all dei Joeren begleed. Den Heichpunkt dovun gouf et 2003, wou d’FLF den M-Block prompt zum Auswärtsblock deklareiert haat, waat dazou gefouert huet dat d’Fans sech den Mätch an engem Staater Café ugekuckt hun.
Iwwert d’Joerdausendwend gung et dem M-Block am groussen ganzen nët mei ganz gudd, d’Leit hun sech rare gema an et goufen sech schon Gedanken gema den Club opzeleisen. De Club huet sech awer erkritt an zousätzlechen neien Wand hun d’Eislecker matrabruecht dei zu enger 50 Mann regelmeisseg op d’Mätcher koumen. Daat ganzt paradoxerweis zu deem Zeitpunkt wou den Lëtzebuerger Fussball no enger 0-4 Nidderlaag gengt den Liechtenstein um Deifpunkt vun senger sportlecher Existenz ukomm waar. Den Numm huet Entretemps och geännert, aus dem M-Block Fan-Club Luxembourg goufen d’M-Block Fanatics 95. Dessen Zouwues un Memberen huet et erlaabt dat d’M-Block Fanatics 95 den 8ten Juni 2005 gengt d’Slowakei hieren 10ten Gebuertsdaag konnten feieren.
En Ausbleck
Regelmeisseg Choregraphien geheiren Entretemps genau sou zum Repertoire vun den Fanatics, wei hier Auswärtsreesen. Och den Huel Se huet ennert enger neier Form en Revival gefeiert. Och d’Relatioun mat der FLF an der Security huet sech gebessert, sou dat d’Organisatioun virun den Mätcher besser Oofleeft an d’Kommunikatioun ennerteneen villen eventuellen Problemer fiergegraff huet.
Mir hoffen dat des gudd Kollaboratioun weider unhällt, an dat mer zesummen mat deenen Jonken dei iwwert dei läscht Joeren den Wee an den M-Block fonnt hun an en puer Joër 20 Joër feieren kënnen.