Gommel + 366 / Zürech + 33
1 Joër ass hier sait der Victoire zu Gommel, 1 gudde Mount sait Zürech, 1 gudd Woch sait der Qualifikatioun fir d'Elite-Ronn vun eiser U17.
Sait en Samsdeg sinn mer allerdings rem um haarden Buedem vun der Realiteit.
Nodeems Mettes d'U19, no engem flotten Mätch an 2 Viirspreng (1-0 an 2-1) um Enn den Hollänner awer mat 2-3 ennerleen waaren, andomadden eng läscht Meiglechkeet verspillt hun der U17 et gleich ze maan, gouf en puer Stonnen mei Speit och d'Euphorie bei deenen "Groussen" rem gedämpft wou den Mätch gengt Israel no engem 1-1 an der Paus um Enn mat 1-3 verluer goung.
Zait fir den Kapp an den Sand ze stiechen bleiwt allerdings keng. Schon en Denschdeg spillen d'U19 hieren läschten Gruppemätch zu Mensdorf gengt Litauen, wou sie sech secher nach eng Keier virun hierem eegenen Public wëllen beweisen.
Mettwochs ass et dann um Tour vun der A-Equipe, dei am läschten Qualifikatiounsmätch fir dëst Joër nach eng Keier wärten Asaatz weisen. Personnel Suergen dierft den Hellers am Prinzip keng hun, di 4 dei geingt Israel hun missten Aussetzen (Lombardelli, Strasser, Hoffmann an Kitenge) sinn rem dabei an et ass gengt Israel keen mat enger 2ter Gieler bestrooft gin.
Rendez-Vous wier domadden dann en Denschdeg zu Mensdorf em 18:00 an en Mettwoch em 20:15 am Stade Josy Barthel.