4 Mätcher - 4 Punkten

Laang ass et hier, 13 Joër an 5 Deeg fir genau ze sinn, seit dem läschten Punktgewenn op der Areler Stroos (fir dei dei et intresseiert den 11.10.1995 gouf et och en 0-0 gengt Wäissrussland). Et war kuerz no 10 Auer geschter Owend wou den polneschen Arbitter den 0-0 vun eisen Leiwen gengt d'Moldawen oofgepaff huet. Quasi en klengen Cado d'Adieu fir eis Anzeigetafel dei gescht hieren läschten Mätch matgema huet.

Virum Mätch haet een den 0-0 nach mat 2 Hänn ugeholl, noom Mätch an virun allem opgrond vun der 2ter Halschent kann een schon bedaueren dat net 3 Punkten draus gin sinn. Fir den seriöen Deel ass et trotzallem awer en scheinen Oofschloss vun dem Jubiläumsjoër vun der FLF.

Als Oofschloss vun den Festiviteiten steet den 19. November nach den Mätch gengt d'Belsch un, wou mir hoffen Ierch dann och alleguer remzegesinn.